Beerlections 2017
Premièrescomité LGL

Évènement indisponible.

Selon le cas, de nouvelles dates appraîtront bientôt ou l'activité proposée sera définitivement supprimée.

ven. 17/11/2017 de 22h00 à 3h00/strike>

TILT Club Luxembourg
17, rue Emile Mousel
2165 Clausen
Luxembourg
Eise Pressekommunicki vum 3. November 2017:
🇱🇺
„Léiwt Vollek, léiw Matbierger,
Op Minnetsdapp oder staater Haari, mir, är Équipe aus dem LGL, hoffen dass dir an ären Dierfchen mat ärem neie Gemengenzirkus zefridde sidd... So elooo, allerdéngs fënnt de Wahlspuuk keen Enn:
Mat Härz a Séil invitéieren mir ierch heimat op ons Wahlversammelung an ongezwongener Stëmmung fir an enger zweeter Ronn onse Béierbuergermeeschter 2017 ze wielen! Nu kuck!
... Wien gëtt den Béierbuergermeeschter 2017...? (Mei Informatiounen dozou kommen geschwënn no)
Am Centre Ville vum schéine Grand-Duché spillt sech ons Soirée oof! Plus précisement: Am TILT (fir dei laangjähreg Nuetseilen ennert ierch: Den Ex-VERSO) an den Rives de Clausen geet et den 17. November ordentlesch zur Saach!
Nun awer: Waat wieren Beerlections ouni een Patt? Zur ärer Erliichterung:
MASSEWEIS BÉIER (Punkt Nr 1 an onsem Wahlprogramm) gëtt et fir är duerchaus zolitt Lieweren.
Also maacht ierch huerteg bäi!! Kraazt är lescht Kitten aus ärem Nilles an reservéiert immédiatement är Entréesbilleten bei folgende Lompen:
Clara Beicht (LGL)
Lara Weydert (LGL)
Tristan Vaisière (LGL)
Eloïse Dorier (AL)
Louis Vaisière (LAML)
Lisa Rock (LRSL)
Chloé Kremer (LMRL)
(Fir d'LGL Primaner mat enger Premièreskaart wegl nemmen Réservatiounen beim Gilles Peping an Elena Vickerstaff!)
Fir den néidegen Kaméidi suergt Waters & Amnesia!
Mir zielen op ierch! Et gëtt gesoff wei d‘Buuchtebënner an gedanzt wei d‘Fatz um Bengel!!
P.S. Fir dei Lëmmelen ënnert ierch, dei mengen se kéinten sech virun hieren biergerleschen Pflichten drécken: Wahlpflicht gëllt ab 17!!
Prost!🍻🇱🇺“
---
VVK:12€
OWESKEES:15€
BEERPONG tournoi (mei Infos am Laaf vun der Woch)
Kommt an Ärer Sonndesfatz
Vestiaire:2€
(Mir iwerhuelen keng Responsabiliteit fir verlueren Objeten)
E grousse Merci un eis Sponsoren:
Drockmeeschter
Fachmaart Robert Steinhäuser
Voyages Emile Weber
StreatChef
Spuerkeess
Source: www.facebook.com