Excel-Cours an der I-Stuff Convict
ErwuesseBildung

jeu. 09/11/2017 de 16h00 à 18h00

ErwuesseBildung
5, avenue Marie Therese
2132 Luxembourg
Luxembourg
Excel-Cours an der I-Stuff Convict
Den Excel ass en Tabelleprogramm a wahrscheinlech dee wichtegste Programm an dëser Zäit. Och fir Iech kann de Programm interessant sinn, wann Dir zum Beispill doheem, an engem Veräin oder als Benevole mat enger Keess ze dinn hutt. Amplaz mat Bläistëft um Pabeier stonnelaang ze notéieren an ze rechnen, wier dat mam EXCEL eng Saach vu Minutten. Och op der Aarbecht gehéiert den EXCEL zu de wichtegsten Instrumenter a sollt dofir beherrscht ginn.
Wann Dir dëse flotte Programm kenneléiere wëllt, bidde mir Iech en UfängerInnecours un, wou mir Iech, ouni Fachchinesech, Grondkenntnisser vermëttele wëllen.
Kursleiter: Marc Nilles
Wéini: donneschdes vu 16.00 bis 18.00 Auer, den 09., 16., 23., 30. November an den 07. Dezember 2017
Wou: ErwuesseBildung, Internet-Stuff Convict (Entrée G), 5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
Umeldung: Tel. 4 47 43-340, info@ewb.lu. Gitt w.e.g. d’Kursnummer 172280i un.
Präis: 120 Euro
Sprooch: Lëtzebuergesch
De Marc Nilles ass Formateur an der I-Stuff Convict.
Source: www.facebook.com